Preventiv gi Course vu verschidde Studiegäng fir de Rescht vun der Woch annuléiert. Et goufen eng Partie Studenten ënner Quarantän gestallt.

Wéi d'Uni Lëtzebuerg dësen Donneschdeg matgedeelt huet, gi preventiv d'Coursen an 3 Studiëgäng ofgesot. Grond sinn eng Partie Studenten, déi ënner Quarantän gestallt goufen. Betraff sinn d'Bachelor-Programmer vun der Gestioun an dem Droit, grad wéi de Master en Enseignement Secondaire.

Als Preventivmoossnam sinn d'Course vun deene Programmer fir de Rescht vun der Woch ofgesot ginn. An Tëschenzäit gëtt d'Léierpersonal op de Fall virbereet, datt d'Coursen nächst Woch anescht organiséiert musse ginn. Aktuell gëtt et keng confirméiert Infektioun op der Uni.