An der Stad gouf et en Donneschdeg de Moien e versichten Iwwerfall op eng Bijouterie. D'Täter konnte flüchten.

Wéi d'Police gemellt huet, gouf et en Donneschdeg de Moien e versichten Iwwerfall op eng Bijouterie an der Stater Philippsgaass. D'Täter si mam Auto hannerrécks an d'Vitrinn gefuer, hunn den Won zeréckgelooss a sinn doropshi geflücht.

Se hu sech duerno zu Fouss a Richtung Stadpark duerch d'Bascht gemaach. Ënnerwee si se dunn op Vëloen ëmgeklommen.

© Police

Béid Männer sinn 1 Meter 80 grouss a ware schwaarz ugedoen. Aktuell si Policeunitéiten an den Helikopter am Asaz. Wéi et heescht, ass kee blesséiert ginn. All Info ass fir den 113.

© Police

© Police

© Police

© Police

© Police