Tirol huet decidéiert, de Schibetrib zu Ischgl fir op d'mannst 2 Wochen anzestellen, dat wéinst der Ausbreedung vum Coronavirus.

Am beléifte Schigebitt zu Ischgl an Éisträich gëtt de Betrib agestallt. Wéi d'Landesregierung vun

decidéiert huet gëllt dat vun e Samschdeg dem 14. Mäerz un. Iwwer 15 Persounen hate sech an de leschten Deeg zu Ischgl mam Virus infizéiert. Vill dovunner a beléiften Après-Ski-Baren. Den 11. Mäerz waren doropshi scho all Après-Ski-Lokaler am Schigebitt zougemaach ginn. Verschidde Konzerten, wéi och den "Top of the Mountain Easter Concert" mam Sido den 12. Abrëll ass ofgesot ginn.