D'Stad huet eng ganz Rëtsch Mesurë wéinst dem Coronavirus ugekënnegt. Ënner anerem ginn et keng fräi Nuechte méi.

De Freideg de Mëtteg hunn déi Responsabel vun der Stad Detailer zur Situatioun an zum weidere Virgoe wéinst dem Coronavirus ginn. Deemno gëtt d'Eemaischen an der Stad ofgesot. Och d'Coursen am Kader vum „Sports pour tous“ si vun de Samschdeg un ofgesot.

Fir d'Caféen, Restauranten an Discoe ginn et keng fräi Nuechte méi an et dierfen nëmmen nach maximal 100 Leit eran.

All déi sportlech Institutioune vun der Stad sinn dann och 2 Wochen zou, dorënner och d'Badeanstalt an aner Schwämmen.

Déi kulturell Institutioune wéi d'Cinemathéik an d'Muséeë bleiwen och zou.

Iwwerdeems wäerten d'Stater Busservicer grad moies verstäerkt ginn.

Verschidde wichteg Servicer wäerten awer och während der Kris assuréiert bleiwen, dorënner den Etat Civil, de Biergerzenter an d'Hygiène.

Problemer, respektiv Retarde kéint et duerch d'Moossnamen awer bei de Chantiere ginn. An da war et nach d'Annonce, dass de Wochemaart weider wäert stattfannen.

All d'Mesurë vun der Stad fannt dir