Eng 1. Persoun ass un de Suitte vum Coronavirus zu Lëtzebuerg gestuerwen. 51 Infektioune si bis ewell confirméiert.

Wéi d'Gesondheetsministesch Paulette Lenert de Freideg den Owend matgedeelt huet ass déi éischte Persoun zu Lëtzebuerg un de Suitte vum Coronavirus gestuerwen. Et handelt sech dobäi ëm eng 94 Joer al Persoun. Iwwerdeems huet si matgedeelt, dass an der Tëschenzäit 51 Infektiounen zu Lëtzebuerg confirméiert goufen.

Lauschtert hei déi komplett Pressekonferenz!

E Merci un d'Leit um Terrain

Do virdrun huet d'Familljeministesch Corinne Cahen de Leit um Terrain, déi de Moment eng ganz gutt ma haart Aarbecht maachen, Merci gesot.

Et misst een déi vulnerabel Leit weider schützen, d''Familljeministesch huet nach emol betount, dass jo dofir d'Visitten an den Alters- a Fleegeheemer verbuede goufen. Et wier och esou, dass d'Leit, déi an de Strukture wunnen natierlech dierfen erausgoen, ma och si sollen sech un d'Conseilen halen z.B. vill Mënschen an all net néideg Sortie ze evitéieren.

Am Behënnerteberäich, do géif vun de Responsabele vun de Strukture gekuckt ginn, wéi eng Mesuren ee misst huelen.

Am beschte kee Congé fir Leit aus de Gesondheetsberuffer

Wat de Congé pour Raisons familiales ugeet, do huet sech d'Ministesch gewësncht, dass wann ee muss wéinst senge Kanner doheem bleiwen an ee vun den Elteren an engem Gesondheetsberuff schafft, deen aneren dee Moment doheem bleift.

De Formulaire fir dëse Congé unzefroen ass iwwerdeems och an der Tëschenzäit online.

De Patron ka beim Staat ufroen, fir dee Congé rembourséiert ze kréien.

Ministere ruffen zu Disziplin op

Nodeems et de Freideg de Mueren zu ugespaante Situatiounen an iwwerfëllte Supermarchéë komm ass, hunn d'Ministeren d'Leit dozou opgeruff sech un d'tëschemënschlech Reegelen ze halen an disziplinéiert ze bleiwen. Wéi et vum Minister fir bannescht Sécherheet geheescht huet, wieren esou Asätz wéi de Freideg de Muere fir d'Police immens onnëtz.

Vun der Familljeministesch huet et nach emol geheescht, dass genuch Produiten do sinn. De Problem wier just, dass d'Butteker iwwerrannt gi sinn an d'Regaler net séier genuch konnten nogefëllt ginn.

Kadenze bei Bus, Zuch an Tram änneren

Weider war et d'Annonce, dass d'Kadenze bei Bus, Zuch an Tram erofgesat ginn, am Busreseau funktionéiert vun nächster Woch un de sougenannte Vakanzeservice. Zu de Spëtzestonne géif d'Kadenz awer op héijem Niveau bestoe bleiwen.

Wat d'Hotline (8002-8080) ugeet, do misst ee Gedold hunn, d'Zuel vun de Mataarbechter géif eropgesat ginn, de Moment wier se nämlech nach ëmmer iwwerlaascht. Am Laf vum Weekend géif et awer besser ginn. Weider géif och en neie Callcenter op d'Bee gestallt ginn an d'Infoe géifen esou iwwerschafft ginn, dass jiddereen se versteet.