Wéi den US-President e Freideg den Owend matgedeelt huet, gouf wéinst dem Coronavirus den nationalen Noutstand ausgeruff.

Den US-President Donald Trump huet wéinst dem Coronavirus den nationalen Noutstand ausgeruff. Dat huet hien e Freideg den Owend a senger Usprooch virum Wäissen Haus matgedeelt. Domat wäerte 50 Milliarden Dollar géint dës Pandemie mobiliséiert ginn. D’Zuel vun den Tester géif och staark erhéicht ginn. D’Demokraten hu sech donieft mat der US-Regierung op een Hëllefsplang fir d‘Famille gëeenegt. D’Representantenhaus huet um Samschdeg fir de proposéierten Hëllefsplang gewielt.