De CGDIS huet um Samschdeg de Moien eng Rei Accidenter mat 6 Blesséierte gemellt.

De CGDIS huet eng Rei Accidenter gemellt. Tëscht Lëpschent an de Giewelsmillen koum et e Freideg den Owend géint 20h00 zu engem Accident mat engem Blesséierten.

Eng Stonn drop sinn op der A13 a Richtung Schengen 2 Autoen tëscht Keel a Biereng anenee gerannt. Zwou Persoune goufe blesséiert.

An e Samschdeg de Moie géint 2h00 koum et zu enger Kollisioun tëscht zwee Autoen zu Dikrech an der Rue Joseph Merten. 3 Persoune goufe verwonnt.