Wéi d'Police mellt ass eng Fra um Houwald iwwerfall ginn a krut hier Posch geklaut. Och gouf ee Permis wéinst Alkohol um Steier agezunn.

E Freideg de Mëtteg géint 16h00 krut am Park an der Rue des Scillas um Houwald eng Fra hir Posch geklaut. Well déi 2 Täter d’Posch sou fest aus hirer Hand gerass hunn ass d’Fra op de Buedem gefall. Déi 2 Täter sinn an eng onbekannt Richtung fortgelaf. Méi spéit gouf d’Posch am Park erëmfonnt.

E Samschdeg de Moie géint 01h30 huet d’Police zu Ell op der Tonn e Permis agezunn. Eng Automobilistin ass mat hirem Auto an eng Ofspärung gerannt an huet eng Heck an eng Clôture beschiedegt. Wéi si gemierkt huet dass si an eng Sakgaass gewuer war, ass si an e Feld gefuer fir ze dréinen. Den Auto ass an de Bulli versackt. D’Police huet op der Plaz festgestallt dass d’Fra staark alkoholiséiert war.