Vun elo u kann ee sech op 3 Sitten an enger Aart Drive-In teste loossen. Et brauch een awer eng Ordonnance vum Dokter.

Zu Jonglënster, Bascharage a Maarnech ginn et vun elo un Drive-In-Statiounen, op deenen ee sech op de Coronavirus kann teste loossen. Wéi d'Laboratoires Réunis a Gesond.lu matgedeelt hunn ginn d'Tester nëmme mat enger Ordonnance duerchgefouert.

Huet een also Symptomer wéi Féiwer, Houscht oder Otemproblemer oder et mengt een, et wier een dem Virus ausgesat gewiescht, soll ee fir d'éischt en Dokter ruffen. Deen erkläert dann, wéi ee virugeet.

Wéi leeft dat Ganzt of?

gëtt et den Detail!

Eng Drive-In-Statioun an Däitschland. / © afp/AFP/Torsten Silz