Mëttlerweil sinn hei zu Lëtzebuerg 4 Persounen un de Suitte vum Coronavirus gestuerwen. Vun den 335 Infizéierten sinn der 14 hospitaliséiert.

Aktuell ginn et zu Lëtzebuerg eng 335 infizéierte Persounen, 14 vun hinne sinn hospitaliséiert a 4 an engem kriteschen Zoustand. Dat sot d'Gesondheetsministesch den Owend op enger weiderer Pressekonferenz. Zu de 4 Doudesfäll war et d'Info, datt dës Persounen iwwer 80 Joer haten.

Maisons Médicales just fir Corona-Patiente geduecht

Thema waren awer och d'Maisons Médicales. Dës si just fir Corona-Patiente geduecht. D'Kapazitéiten am Norden, Osten an Zentrum solle weider verstäerkt ginn. Vun dësem Samschdeg u sinn d'Maisons Médicales da vun 8 Auer bis 20 Auer nonstop op. Hei muss ee sech via Téléconsultatioun mellen. Et dierf een net einfach esou laanscht kommen.

Nei Plattform fir virtuell Visitten

Et war dann och d'Annonce vun enger neier Plattform, duerch déi een eng virtuell Visitt beim Dokter iwwert den Internet maache kann. Leit, déi an eng Maisons Médicales ginn, géifen da getrennt behandelt ginn, esou d'Paulette Lenert. Déi nei Standuerter uechtert d'Land solle beschtefalls nächst Woch stoen.

Altersmoyenne vun Infizéierte bei 46 Joer

D'Altersmoyenne vun den Infizéierten zu Lëtzebuerg läit da bei 46 Joer an de Peak ass an den nächste 14 Deeg ze erwaarden. D'Paulette Lenert huet erkläert, datt ee wuel eng Courbe wéi an anere Länner kritt. Et setzt een alles drun, d'Verbreedung esou kleng wéi méiglech ze halen. Et muss een donieft dovunner ausgoen, datt vill méi Leit de Virus hunn.

Leit géife sech gréisstendeels u Mesuren halen

Ob et nach zu enger Ausgangsspär kënnt? De Minister François Bausch sot en Donneschdeg de Moie schonn, datt hien net dovunner ausgeet, ma och d'Gesondheetsministesch weist sech positiv, schléisst et awer net aus. "Ech hunn d'Gefill, de Message ass ukomm" Wéi ee gesäit géife sech d'Leit sech gréisstendeels un d'Mesuren halen.