De Freideg de Mëtteg huet de Premier Xavier Bettel nom Regierungsrot nach emol iwwer déi aktuell Situatioun zu Lëtzebuerg informéiert.

De Premier Xavier Bettel sot de Freideg de Mëtteg, dass bis ewell 5 Doudesaffer confirméiert goufen. 16 Persoune sinn de Moment am Spidol, 3 dovu leien op der Intensivstatioun.

D'Zuele géife weisen, wéi uerg d'Situatioun ass an an deem Sënn huet de Premier nach emol gesot, dass all Mënsch soll doheem bleiwen, dat wier d'Grondreegel.

Doheem bleiwen a Kontakt evitéieren
Natierlech dierft een an d'frësch Loft goen, ma dat eleng oder mat deene Leit, mat deenen ee souwisou wunnt. Natierlech sollt ee kee Kontakt mat anere Leit hunn an op d'mannst 2 Meter Distanz halen. De Premier huet awer nach emol energesch betount, dass erausgoen net heescht, dass een elo mam Auto ronderëm fiert an sech da mat aneren trëfft, fir spadséieren ze goen.

Et hätt een och gemierkt, dass de Gros vun de Leit sech dorun hällt. Verschidde Leit wieren zwar vun der Police ugeschwat ginn, et wier awer kee verbaliséiert ginn. Bis ewell wier awer ee Commerce an ee Café verbaliséiert ginn.

Plënneren nach an Urgencen erlaabt

Iwwerdeems huet de Xavier Bettel weider Präzisioune ginn, wat d'Decisioune vun der Regierung ugeet nodeems den Noutstand ausgeruff ginn ass.

Wat d'Approvisionnement ugeet, do war et d'Annonce, dass den Transitverkéier fir Camionen och um Sonndeg erlaabt bleift.

Weider ass et och erlaabt, dass Leit plënnere kënnen, wann dat net anescht méiglech ass. Et géif net drëms goen, dass duerno Leit op der Strooss sëtzen. Esou war et och den Appell un de gesonde Mënscheverstand vun de Proprietären. Dat och wat z.B. Restauranten ugeet, déi hire Loyer net mat Zäite kënne bezuelen.

50 Douanieren u Grenze positionéiert a provisorescht Spidol beim CHL
Et hätt ee weider 50 Douanieren op de Grenze placéiert, dat an Ofsprooch an op deelweis Demande vun a mat den Nopeschlänner.

155 Frontalieren hunn iwwerdeems vun der Offer profitéiert, fir an Hotellen ënnerzekommen.

Bei der Online-Akafsplattform fir vulnerabel Leit wieren den Donneschdeg 60 Bestellunge per Telefon erakomm, 150 Bestellunge waren et der via Internet.

Da gëtt de Moment och beim CHL e provisorescht Spidol opgeriicht. Dëst wier eng präventiv Moossnam, fir am Fall wou, d'Spideeler kënnen ze entlaaschten.

Wie sech net drun hält ass en Deel vum Problem
„Et ass eng Krisesituatioun, mat där Lëtzebuerg sech nach ni confrontéiert gesinn huet“, esou de Premier. Gesonde Mënscheverstand, Akzeptanz, Disziplin, Solidaritéit wier deemno vun eis all gefuerdert. Wien sech net un d'Reegele géif halen, wier en Deel vum Problem!

A Saachen Internet, do huet de Premier betount, dass et besser wier wa méiglech de W-Lan ze benotzen, amplaz déi mobil Netzer. Dës wieren nämlech dacks relativ staark belaascht.