Am Kader vun de Mesurë vun der Regierung fir de Coronavirus anzedämmen, ass d'Police chargéiert gi Kontrollen ze maachen.

An de leschten Deeg sinn am ganze Land Geschäfter, Restauranten a Caféë kontrolléiert ginn, awer och op der Strooss goufe Policekontrollen duerchgefouert. Zënter e Méindeg waren et der am Ganze 450. Wéi d'Police schreift ass ee grad an esou Krisenzäite present, dat fir ze kucken ob d'Mesurë respektéiert ginn, awer och fir d'Oprechterhale vun der ëffentlecher Uerdnung.

Wann d'Beamte gesinn, datt de Public sech net drun hält, gi Verwarnunge mat Geldstrof an Héicht vun 145 Euro, respektiv e Protokoll, ausgestallt. Bei engem Noutfall oder enger Menace soll een den 113 uruffen. Fir manner urgent Ugeleenheeten, kann ee sech un eenzel Büroe wenden, déi 24/7 op hunn. Dat sinn:

  • Commissariat Luxembourg (1, rue Marie et Pierre Curie)
  • Commissariat Diekirch (8, rue Alexis Heck)
  • Commissariat Esch/Alzette (104, boulevard Kennedy)
  • Commissariat Museldall in Grevenmacher (48, rue de Machtum)

© Police