De Wirtschaftsminister Franz Fayot huet e Freideg weider wirtschaftlech Mesuren annoncéiert. Et wëll een der Kris esou gutt et geet Meeschter ginn.

Wéi de Wirtschaftsminister Franz Fayot matgedeelt huet, huet déi sanitär Kris brutal Auswierkungen op d'Wirtschaft. Et ass een zouversiichtlech séier an op EU-Niveau Léisungen ze fannen. Donieft huet de Minister e Stabiliséierungspak annoncéiert. E koherente Pak, fir d'Lëtzebuerger Ekonomie ze ënnerstëtzen.

An dësem Pak wiere scho bestoend Mesuren, awer och nei Reegelungen ze fannen, déi vun der ganzer Regierung gedroe ginn. Bedeelegt sinn nieft dem Wirtschaftsministère och den Aarbechtsministère an de Ministère fir Mëttelstand. Detailer wollt de Minister aktuell nach net nennen.

Zouversiichtlech séier a gemeinsam Léisungen ze fannen, esou Minister Fayot. Et gëtt intensiv dru geschafft, Betriber séier ze hëllefen. Kuerzaarbecht soll hëllefen, manner Leit ze entloossen. De Chômage partiell spillt ënnert anerem bei engem CDI, CDD awer och bei Persounen an enger Léier. Demandë solle via Internet bei der ADEM gemaach ginn.

Et kéint een net all Betrib hëllefen, ma et géif een Alles maachen, wat néideg ass. Et war de Rappell vum Minister, den zoustännegen Autoritéiten d'Chance ze ginn, déi Dausenden Demanden ze verschaffen. Iwwerdeems ass déi maximal Hëllef op 800.000 Euro pro Betrib erhéicht ginn.