Dofir klëmmt d'Unzuel vun Infizéierten, déi aus dem Ausland nees areesen.

Schonns den drëtten Dag an enger Rei ginn aus China selwer keng Neiinfektioune gemellt. D'Pekinger Gesondheetskommissioun mellt allerdéngs, dass ëmmer méi Infizéierter aus dem Ausland zeréck a China reesen. Des Zuel ass mat 2 Fäll méi wei den Dag virdrun op 41 geklommen. Am ganze goufe bis ewell 269 importéiert Infektioune registréiert. Aus dëse Grënn klëmmt de Risk fir eng nei Ausbreedungswell.