D'Material fir medezinescht Personal gëtt knapp - och an den USA. Hei hëlleft elo souguer d'Televisiounschaîne aus.

Déi bekannten Dokteschserie "Grey's Anatomy" huet Material, dat eigentlech fir Dréiaarbechte geduecht war, un d'Spideeler gespent.  Ënnert anerem Händschen an Otemschutzmasken, déi an der Zäit vum Coronavirus ganz rar ze kréie sinn, konnten esou zesummegedroe ginn.

Weider hunn sech och d'Serien "Seattle Firefighters", "The Godd Doctor", an "The Resident" un de Spende bedeelegt.