De Virstand an de Virsëtzenden hunn sech dozou bereet erkläert, op hire Salaire ze verzichten.

Dëst hat d'Entreprise um Freideg matgedeelt. De Virstand hätt ëmgerechent 1,3 Milliounen Euro kritt.

Trotz der Kris huet Boeing hir Produktioun net agestallt. Et goufe 60 Milliarden Dollar staatlech Hëllef ugefrot, dëst well si virdru schonn an enger wirtschaftlech schwéierer Situatioun waren. Virun engem Joer gouf et e Fligerverbuet vun der 737 MAX.