Um Freideg goufen des Mesure geholl. Eng Ausgangsspär gëllt den Ament just fir 7 Bundesstaaten.

Den Donald Trump hat iwwerdeems matgedeelt, dass et net noutwenneg wier, all d'Länner ze isoléieren. Hei géif ee just déi Länner als kritesch ugesinn, déi am gréisste bevëlkert wieren, esou den Trump.

An de 7 concernéierte Staaten hunn just déi essentiell Butteker op, an d'Leit sollen esouwäit wéi méiglech doheem bleiwen.

Munitiounsverkeefer aus den USA mellen, dass mat der Zounam vun der Pandemie och och d'Verkeef vu Waffen an d'Luucht gaange wieren. Des hunn sech tëscht dem 23. Februar an dem 15. Mäerz vervéierfacht.