D'Studentevereenegung ACEL huet e Samschdeg Owend präziséiert, datt d'Demande fir d'Bourse bis den 30. Abrëll muss agereecht ginn.

D'Studentevereenegung ACEL huet e Samschdeg Owend matgedeelt, datt et bei der Demande fir d'Bourse fir Studente keng Ännerung vum Delai gëtt. Demande mussen also weiderhi bis den 30.4. beim CEDIES agereecht ginn.

Weider betount d'ACEL, datt Studenten am Ausland sécher iwwert d'Grenz gelooss ginn, fir a Lëtzebuerg eran ze kommen. Allerdéngs wier de Retour "warscheinlech net méiglech", an dat fir eng Zäitchen.

Aktuell Informatioune fir Studente fënnt een um

.