De rietsextreme "Flügel" vun der däitscher Partei AfD soll dem Grënner Björn Höcke no opgeléist ginn.

E Samschdeg Owend huet de Grënner vum "Flügel" Björn Höcke matgedeelt, datt dëse soll opgeléist ginn.

Den AfD-Bundesvorstand hat d'Opléisung vum "Flügel", engem rietsextremen, inoffiziellen Deel vun der Partei, gefuerdert. Den däitsche Verfassungsschutz hat de "Flügel" als rietsextrem agestuuft.

De Björn Höcke huet d'Bedeitung vum "Flügel" betount. Viru 5 Joer wier säin Impuls noutwenneg gewiescht, elo bräicht d'Partei awer en neien Impuls, deen hir Eenheet betount.