An Däitschland gouf e Samschdeg Owend e verdächtege Mann festgeholl, deen e Freideg en Uschlag op en ICE tëscht Frankfurt a Köln geplangt hat.

E Freideg de Moie koum et zu engem versichten Uschlag op en ICE-Zuch vun der Deutschen Bahn. D'Eisebunnsstreck gouf gespaart. Blesséiert gouf keen, och den Zuch hat keng Schied. En Zuchchauffer hat beim Fueren Verännerungen op der Bréck festgestallt a gemellt.

An der Nuecht op e Sonndeg huet d'Police e Mann festgeholl, dee fir de probéierten Uschlag verantwortlech gemaach gëtt. Et handelt sech ëm en 51-järegen Däitschen. Him gëtt virgehäit, un de Gleise vun enger Zuchbréck Deeler vun de Schinne geléist ze hunn.