D'UNO warnt virun der Knappheet vun Drénkwaasser. Wéinst dem Klimawandel ginn an Zukunft d'Reserve weltwäit knapp.

Weltwäit wäerten d'Reserve vun Drénkwaasser an Zukunft nach méi knapp ginn. Wéinst dem Klimawandel warnen d'Vereenten Natioune am aktuellen Weltwaasserrapport virun enger globaler Waasserknappheet.

Milliarde vu Mënsche wieren dovunner betraff. D'Auteure vum Rapport ruffen déi eenzel Länner dozou op, sech op dës Waasserknappheet ze preparéieren. Virun allem d'Landwirtschaft misst sech dorunner upassen. Et misst een effikass Methoden opstellen, fir Waasser ze spueren a propper ze maachen.

Weltwäit hu ronn 2,2 Milliarde Mënschen op der Welt keen Zougang zu sécherem Drénkwaasser. Dobäi kënnt, datt wéinst der Bevëlkerung, déi ëmmer méi wiisst, och de Waasserverbrauch an d'Luucht geet. Haut ass de Waasserverbrauch weltwäit 6 Mol esou héich wéi nach virun 100 Joer.