Dëse Sonndeg huet d'Gesondheetsministerin Paulette Lenert de Point iwwer d'Coronapandemie gemaach.

D’Gesondheetsministesch Paulette Lenert huet dëse Sonndeg op enger Pressekonferenz confirméiert, dass et de Moment  798 confirméiert Fäll vu Coronavirus-Infektiounen hei am Land gëtt.

4 grouss „Centres de soins avancés“ 

Et gëtt an Zukunft hei am Land mat villen neie Coronavirus-Patiente gerechent, dofir si vun dësem Méindeg un  4 grouss „Centres de soins avancés“ operationell , déi dee Moment d’maisons médicales ersetzen: an der LuxExpo, der Rockhal, der Däichhal an eng Struktur am Osten. An dësen Zentre solle souwuel Patiente mat der COVID19-Krankheet behandelt ginn, wéi och aner Patienten.

Fir d'Paulette Lenert ginn et zwee grouss Defi‘e fir Lëtzebuerg: engersäits kéint de Stock u Material knapp ginn. Anerersäits géif de Risiko bestoen, datt et enk mam Personal gëtt.

D‘Regierung huet vill Material bestallt

De Moment hätt een zwar genuch Material fir déi Leit, déi es brauchen. D'Regierung huet awer vill Commande fir zousätzlecht medezinescht Material lafen. Dee Stock géif awer net duergoen, fir de Bevëlkerung Masken ze verdeelen. Dat neit Material géing un déi Leit goen, déi um Terrain schaffen. Momentan hätt een 190.000 Masken un d'Personal verdeelt.

D'Regierung sicht Fräiwëlleger 

Fir Enkpäss beim Personal ze verhënneren, gëtt vun dësem Méindeg un  iwwert d‘Plattform „govjobs“ no Fräiwëllegen mat deene verschiddenste Qualifikatioune gesicht. Op dëser Plattform géife konkret Profiller opgelëscht ginn, seet d'Paulette Lenert.

Momentan géifen och 173 Frontaliere vun der Offer profitéieren, fir an Hoteller zu Lëtzebuerg ze wunnen.

1500 Tester pro Dag

De Moment ginn hei am Land ronn 1500 Tester den Dag gemaach. Et bleift bei der Approche, fir nëmmen déi Leit ze testen, déi och Symptomer hunn. D’Gesondheetsministesch huet och nach ënnerstrach, dass mir zu Lëtzebuerg elo scho vill méi testen wéi eis Nopeschlänner. Dat kéint eis och vläicht hëllefen, eng manner dramatesch Situatioun ze kréien

Lëtzebuerg hëlleft an der Groussregioun

Lëtzebuerg huet sech bereet erkläert, de Spideeler an den extrem betraffenen Nopeschregiounen ënnert d'Äerm ze gräifen. Mir wieren nach an der Lag, sou d'Gesondheetsministesch, deen een oder anere Patient aus dem Ausland ze versuergen. Dat am Kader vun der europäescher Solidaritéit.

Geheelte Fäll

Ronn 10 Persounen déi de Virus haten, sinn nees geheelt. Vun nächster Woch un gëtt et och méi Transparenz iwwert d’Zuelen vu Patienten, déi konnte geheelt ginn.

Lauschtert hei de Reportage

Kuckt hei nach mol di ganz Pressekonferenz: