E Sonndeg de Moie gouf e schrot Äerdbiewe vun enger Stäerkt vu 5,3 zu Zagreb a Kroatie gemellt.

Zu Zagreb a Kroatien koum et e Sonndeg zu engem schroen Äerdbiewen. Offizielle Berichter no soll ee Meedche schwéier blesséiert gi sinn. Eng grouss Unzuel u Gebaier goufe beschiedegt. D’Biewen hat eng Stäerkt vu 5,3 an hat e Sonndeg de Moien d’Leit brutal aus dem Schlof gerappt. Vill Persoune sinn aus Panik op d’Strooss gelaf, esou d’Noriichtenagence AFP.