Esouguer dem brittesche Premierminister säi Papp wëll nom Brexit déi franséisch Nationalitéit kréien...

Nom Brexit wëll dem Boris Johnson säi Papp déi franséisch Nationalitéit kréien. Dem brittesche Premier säi Papp ass zu Versailles a Frankräich op d’Welt komm, esou d’Zeitung „Sunday Times“. Dës Berichter bezéien sech op e Buch dat vu sengem Meedchen, also dem Premier senger Schwëster erausbruecht gëtt. De Stanley Johnson war ee fréiere Member vum Europäesche Parlament a vun der EU-Kommissioun.