Och Facebook an Instagram reagéieren elo op d'Coronakris. Si reduzéieren d'Qualitéit vu Videoen fir den Internet ze entlaaschten.

Fir den Internet ze entlaaschten, wäerten elo och Facebook an Instagram d’Bildqualitéit vu Videoe reduzéieren. Dat hate virdrunner schonn Netflix a YouTube gemaach. Wéinst der Coronakris huet a ville Länner d’Aarbecht per Internet vun doheem aus staark zougeholl. Och gëtt méi online gespillt an et gi méi Filmer opgeruff.