1'605 Infektioune mam Coronavirus goufe bis de Freideg den Owend zu Lëtzebuerg confirméiert. D'Zuel vun den Doudesaffer klëmmt op 15.

An der Tëschenzäit goufen zu Lëtzebuerg 1'605 Infektioune mam Coronavirus confirméiert. Dat sinn der domat 152 méi, wéi nach den Donneschdeg den Owend, do waren et nach 1'453 confirméiert Infektiounen.

Wéi et vun der Gesondheetsministesch geheescht huet, ass d'Zuel op 15 Doudesaffer geklommen. D'Altersmoyenne vun de verstuerwene Leit läit bei 80 Joer. Dee jéngste Patient war 53 Joer an huet zu de vulnerabele Persoune gehéiert.

Vun den 1.605 Infektioune sinn et 1.435 Residenten. 148 Persoune sinn hospitaliséiert, 25 leien op der Intensivstatioun. D'Altersmoyenne hei läit bei 46 Joer. Persounen, déi als geheelt hei am Land gëllen, sinn et der 40.