Wéi kritt een d'EU-Bierger sou séier wéi méiglech nees heem? Doriwwer hu d'Ausseminister dëse Méindeg beroden.

No de Berodungen op EU-Niveau huet de Lëtzebuerger Ausseminister eng Deklaratioun virun der Lëtzebuerger Press gemaach. Hei huet de Jean Asselborn sech kloer géint Grenzkontrollen ausgeschwat. Et ass vital, datt dëse opbleiwen, soss hätt Lëtzebuerg e grousse Problem. Wann een d'Grenzen zoumécht, misst ee sech 3 Froe stellen: Ass dëst eng Diskriminatioun vun de Bierger, gëtt de Virus esou agedämmt an ass dës Decisioun am Aklang mat de Gesetzer?

Lauschtert eran!

Grenzkontrolle géife kee Sënn maachen

Op déi 3 Froen huet de Minister mat Nee geäntwert. Grenzkontrolle géifen de Problem also net léisen. Donieft ass Lëtzebuerg grad am Gesondheetswiesen, mee och a villen anere Beräicher op d'Salariéen aus dem Ausland ugewisen. Am Ganze sinn et eng 200.000 Frontalieren, déi all Dag op Lëtzebuerg schaffe kommen, respektiv de Moment éischter op den Télétravail ugewise sinn. Et huet ee vill missten diskutéieren, bis déi däitsch Regierung averstane war, fir d'Grenzen am Norde vum Land opzeloossen.

300 Lëtzebuerger am Ausland

Dës Weideren ass et ëm d'Rapatriementer gaangen. Vill Lëtzebuerger wieren nach ëmmer am Ausland, esou den Ausseminister. Am Ganze wieren et dem leschte Stand no eng 300 Persounen. De Jean Asselborn huet an deem Sënn betount, datt d'Fluchhäfen och opbleiwe missten. Et kéint net sinn, datt EU-Bierger do blockéiert géife ginn. De Ministère géif alles maachen, fir d'Leit séier heem ze kréien, d'Luxair géif sech ëm d'Rapatriementer, also den Transport, këmmeren.

"Kréien éischter de Coronavirus an de Grëff, wéi d'Solidaritéit an der Flüchtlingsfro"

Et wier da scho Material aus China ukomm, an den nächsten Deeg sollen nach weider Bestellungen aus anere Länner kommen. Donieft war déi humanitär Hëllef en Thema. Grad Länner, déi besonnesch mat der Kris ze kämpfen hunn an net déi néideg medezinesch Traitementer offréiere kënnen, misst een ënnert d'Äerm gräifen. Hei muss ee weider solidaresch sinn. Wat d'Ophuele vu Flüchtlingskanner aus Griicheland ugeet, war et d'Info, datt deen Transfert gemaach gëtt, wa sech d'Lag berouegt huet.