De Konsumenteschutz fuerdert, datt ee Boergeld net refuséieren dierf. Dofir géif et keng legal Basis ginn.

De Lëtzebuerger Konsumenteschutz huet e Méindeg op d'Decisioune vu verschidde Butteker, wéinst der Corona-Kris kee Boergeld méi unzehuelen, reagéiert. Aus sanitäre Grënn sollt een esou gutt et geet op eng Kreditkaart zeréckgräifen.

Ma wéi d'ULC weider schreift, dierf dem Verbraucher d'Bezuele mat Boergeld och net refuséiert ginn. Et géif dofir keng legal Basis ginn.

Et ass d'Fuerderung vun der ULC, datt d'Regierung professionell Händler an Apdikten doriwwer informéiert. De Konsumenteschutz appelléiert un d'Solidaritéit vu béide Säiten.