Jiddereen, dee sech un d'Mesuren hält, bleift esou gutt et geet doheem. Ma wéi plangt een dësen neien Alldag am beschten?

D'Regierung huet eng Partie Rotschléi erausginn, wéi ee seng Zäit an der Isolatioun am beschten organiséiert. An deem Sënn ass eng Sensibiliséierungscampagne mam Numm @HOME lancéiert ginn, déi sech u jidderee riicht, ma virun allem u Famillen, Elteren, Kanner a Jonker.

Esou soll een esou gutt et geet aktiv bleiwen, den Dag plangen, d'Hygiènesrichtlinnen anhalen an d'Kommunikatioun zu aneren oprecht halen. Wie sech iwwerfuerdert fillt, ka sech un eng Partie Ulafplaze riichten.

Wie sech iwwerfuerdert fillt, kann hei Kontakt ophuelen:

  • Kannerjugendtelefon: 116 111
  • Elterentelefon: 26 56 05 55
  • SOS Détresse: 45 45 45

© Ministère de l'Éducation nationale, de l’Enfance et de la Jeunesse