E Freidegowend huet d'Police wéinst engem Familljesträit an der Cité Salvador Allende zu Esch missten intervenéieren.

Eng Fra hat d'Police alarméiert a sot, datt eng jonk Fra d'Hëllef vun de Beamte bräicht. Wéi dës op der Plaz ukomm sinn, hat d'Affer mat hirem Kand d'Wunneng verlooss a gouf vun der Police a Sécherheet bruecht. Wéi d'Beamten an d'Wunneng erawollten, huet de presuméierten Ugräifer d'Police mat enger Aarmbroscht vun der Fënster aus menacéiert. Nodeems e Knall ze héiere war, wuel vun der Waff, gouf d'Spezialunitéit ugefuerdert. De Mann ass iwwerwältegt a festgeholl ginn.