Leit aus de Gesondheetsberuffer, ma och déi an der Ausbildung, an der Pensioun an och Fräiwëlleger sollen sech fir eng Erfaassung vun der Reserv mellen.

Vun de Méindeg u leeft d'Erfaassung vun de Professionellen aus de Gesondheetsberuffer iwwer d'Plattform govjobs.lu, fir domat d'Gestioun vun der sanitärer Reserv zu Lëtzebuerg ze verbesseren. D'Aschreiwung fir déi Leit, déi a reglementéierte Gesondheetsberuffer schaffen ass dobäi obligatoresch, dat bis den Dënschdeg ëm Mëtternuecht.

Ma den Appell riicht sech och un Dokteren, déi grad am Gaange sinn hir Spezialisatioun ze maachen, un d'Studenten, d'Pensionnairen an déi Leit, déi grad an engem Congé ouni Bezuelung sinn.

Via d'Plattform ginn och aner Fräiwëlleger gesicht, déi eventuell Besoine vum Gesondheets- a Fleegesecteur kënnen decken.