Zesumme mam Generaldirekter vum CGDIS Paul Schroeder hat d'Inneministesch Taina Bofferding dësen Dënschdeg eng Pressekonferenz ginn.

Virop huet een de Membere vum CGDIS grad wéi dem Gemengepersonal Merci gesot. Grad d'Pompjeeën an d'Ambulanciere kämpfen un éischter Front a setze sech dagdeeglech der Gefor aus, mam Virus infizéiert ze ginn.

Hei war et och d'Info, datt 31 Membere vum CGDIS erkrankt sinn, eng Persoun wier de Moment hospitaliséiert. Wéi et d'Richtlinne vun der Santé virgesinn, gëtt wann noutwenneg getest. Ma de CGDIS wier weider gutt opgestallt.

5. Samu vum 1. Abrëll un am Asaz

De Schutz vun den eegene Leit hätt och Virrang, esou goufe verschidde Mesuren ëmgesat. An der Ambulanz dierf ee just nach zu 2 an net 3 ënnerwee sinn, all aner Leit – ausser Eltere mat Kanner – dierfen och net méi matfueren. D'Noutfallversuergung steet op 1. Plaz an esou gëtt de 5. Samu am Land och schonn den 1. Abrëll, an net den 1. Mee, operationell. Beim Personal selwer wier d'Stëmmung da gutt, d'Membere wiere motivéiert, esou de CGDIS-Generaldirekter Paul Schroeder.

Affer vun haislecher Gewalt solle sech onbedéngt mellen

Ufank Februar hat een de Froekatalog an der Zentral ugepasst, fir effikass op d'Ufuerderungen ze reagéieren. De CGDIS ass a verschidde Krisenzelle mat dobäi. Donieft ass de First Responder agestallt ginn. Bannent 3 Wochen huet een op der spezieller Hotline 8002-8080 bannent 3 Woche knapp 24.000 Uriff gezielt. An deem Kader huet d'Taina Bofferding drop opmierksam gemaach, datt d'Ulafplaze, fir Leit, déi am Fall vun haislecher Gewalt Hëllef brauchen, weider operationell sinn.

Prioritéit fir Gemengen ass Entsuergung vum Knascht

Ma och op Gemengenniveau ass den Interieur fir d'Leit do. Et steet een dem Personal 24/7 zu Verfügung an ënnerstëtzt wou ee kann, esou d'Inneministesch. Fir d'Gemenge bleift eng vun de Prioritéiten d'Entsuergung vum Offall. Aner wichteg Servicer lafen elo iwwer Telefon oder Email. Hei soll ee sech bei senger Gemeng informéieren a iwwert dës Kanäl nofroen. Et war vun der Inneministesch den Appell, datt keen eleng ass – och wann een de Moment doheem soll bleiwen.