Den Albert Uderzo soll am Alter vun 92 Joer am Schlof gestuerwe sinn.

Den Zeechner Albert Uderzo ass dout. Hien ass am Alter vun 92 Joer gestuerwen. Dat mellt d'Noriichtenagence AFP dësen Dënschdeg a berifft sech op d'Famill vum Uderzo. Bekannt ass hie virun allem als Zeechner vun den Asterix-Comicserien.

Am Joer 1951 huet den Uderzo ugefaange mam René Goscinny zesummen ze schaffen. Dësen huet d'Geschichte fir d'Asterix-Comicserië geschriwwen, den Uderzo huet dat Geschriwwent gezeechent.