Nodeems de Méindeg den éischte Centre de soins avancés an der Luxexpo The Box um Kierchbierg opgaangen ass, war et den Dënschdeg un deem an der Rockhal.

Op Fotoen, déi d'Arméi via Twitter publizéiert huet ass ze gesinn, wéi am Concertssall Zelter opgeriicht sinn. D'Zentren, där et der duerno 4 uechter d'Land solle ginn, sinn dozou do, den Zoustand vun de Patienten anzeschätzen, fir se duerno wann néideg an d'Clinique ze schécken.

Hei de Video vum Centre de soins avancés an der Rockhal.
Copyright : Gouvernement luxembourgeois

An den nächsten Deeg wäerten dann och d'Zentren an der Däichhal zu Ettelbréck an am Centre Culturel zu Gréiwemaacher opgoen.

© SIP/Julien Warnand