Nieft den aktuellen Zuele waren och d'Wirtschaftshëllefen an Héicht vu bal 9 Milliarden Euro en Thema.

1'333 Leit si bis ewell zu Lëtzebuerg positiv op eng Infektioun mam Coronavirus getest ginn, dat sot de Premier Xavier Bettel de Mëttwoch am Nomëtteg nom Regierungsrot. An et géif een och mierken, dass d'Fäll vun deene Fäll mat engem schwéiere Krankheetsverlaf géifen zouhuelen.

Och suspekt Fäll gi bei d'Zuele bäigezielt
143 Leit géifen de Moment wéinst dem Coronavirus am Spidol behandelt ginn, 21 wieren der op der Intensivstatioun, esou d'Gesondheetsministesch Paulette Lenert. Dorënner sinn och déi 6 Patienten aus Frankräich, déi musse beotemt ginn, e 7. wier um Wee. Iwwerdeems bleift et bei 8 Doudesaffer.

Bei d'Zuele kommen och déi Leit dobäi, déi als suspekt Fäll traitéiert ginn, dat heescht se goufen net direkt getest, ma d'Diagnos géif dorop hiweisen, dass se de Virus hunn, esou d'Ministesch nach.

8,8 Milliarden Hëllef fir d'Wirtschaft
Weider ass et och ëm d'Hëllefe fir d'Wirtschaft gaangen. D'Kris ze iwwerwanne géif ebe kaschte wat et kascht, esou de Premier Xavier Bettel. Deemno hätt een eng finanziell Hëllef vun 8,8 Milliarden Euro decidéiert. 500 Milliounen Euro pro Mount sinn deemno fir de Chômage partiell virgesinn, 200 Milliounen Euro pro Mount fir de Congé pour raisons familiales, 300 Milliounen Euro Hëllefe fir Entreprisen an dann och direkt Primme vu 5'000 Euro fir kleng Entreprisë mat manner wéi 9 Mataarbechter.

Fir déi kuerzfristeg Ënnerstëtzung goufen esou 1,75 Milliarden Euro virgesinn, fir d'Entreprisen ze ënnerstëtzen. Dobäi géife jo och nach déi séier Remboursementer vun der TVA un d'Entreprisen an d'Garantië fir Kreditter vun 2,5 Milliarde kommen. Alles zesumme gerechent géifen esou 8,8 Milliarden zesumme kommen, dat si bal 14% vum PIB.

Verschidde Leit hunn et nach net verstanen
De Premier huet nach emol betount, dass et am Interêt vu jidderengem ass, dass de soziale Kontakt evitéiert gëtt. Et géifen nach ëmmer Leit ginn, déi et net verstanen hunn. Ronn 40 Avertissementer géifen esou den Dag u Privatleit ausgedeelt ginn. Wann sech géif weisen, dass d'Leit sech net un d'Moossnamen halen, da misst ee wuel oder iwwel villäicht mat méi strenge Mesuren dorop reagéieren.

Et waart een nach ëmmer op Material
Wat d'Material ugeet, do géif een nach ëmmer op Commande vun Artikelen, déi am Fleege- an am Gesondheetssecteur gebraucht gi waarden. D'Ministesch wëllt hei awer eréischt positiv Meldungen erausginn, wann d'Material dann och hei ass.

Iwwerdeems si 4 Scanneren zu Lëtzebuerg ukomm, dat heescht ee fir all Spidol. Dës kënnen den Test deelweis ersetzen, well se kloer géife beim Scan vun de Longe weisen, ob de Patient ënnert den Auswierkunge vum Virus leit oder net.