D'Hôpitaux Robert Schuman hunn en Opruff iwwert hir Facebooksäit lancéiert.

Et ginn dréngend Kiddele mat elasteschem Lastik un den Äerm (blouses jetables - avec des poignets resserrés, pas en tissus) gesicht. Wéi et heescht géif een dës bei de Livreuren den Ament net méi kréien. Well dës awer och dacks an anere Branchen, wéi Bäckereien, Supermarchéen a Metzlereie benotzt ginn, ass et den Opruff, datt dës sech mellen.

Et géif alles geholl ginn, egal ob een dofir bezuele muss oder ob et een Don ass. Melle kann ee sech ënnert new.supplier@hopitauxschuman.lu.