De Mëttwoch den Owend sinn déi 3 Ministere Lex Delles, Pierre Gramegna a Franz Fayot op d'Hëllefe fir d'Wirtschaft zu Lëtzebuerg agaangen.

8,8 Milliarden Euro wäert Lëtzebuerg mobiliséieren, fir d'Auswierkunge vun der Coronakris op d'Wirtschaft zu Lëtzebuerg ofzefiederen, dat sinn iwwer 14% vum PIB, esou de Finanzminister Pierre Gramegna.

Lëtzebuerg ënnerstëtzt alles, war zu méi Solidaritéit an der Bekämpfung vun dëser Kris bäidréit, esou de Finanzminister mat Bléck op déi gefuerdert Corona-Bonds op EU-Niveau. Lëtzebuerg ass jo eent vun 9 Länner, dat dëse Mechanismus ënnerstëtzt.

De Coronavirus géif keng Grenze kennen, e géif kee Rating vun de Länner kennen, ma en hätt en Impakt op d'Wirtschaft vun all de Länner.

Prioritéit wier et Mënschen ze retten. Zanter Wochen hätt ee gréng Luucht ginn, fir déi Suen auszeginn, déi ee brauch fir neit Material a weider benéidegt Produiten ze besuergen.

De Mëttelstands- an Tousismusminister Lex Delles huet zur Solidaritéit opgeruff. Esou solle Clienten hir Rechnungen esou séier wéi méiglech bezuelen. Dëst wiere Suen, déi d'Entreprisen dringend brauchen. Et war och den Opruff un d'Proprietären, déi Entreprisë Raim verlounen, solidaresch ze sinn an de Locatairen Zäit ze ginn.

Weider ass de Lex Delles op d'Direkthëllefe fir kleng Entreprisen agaangen. Déi Hëllef muss net zeréckbezuelt ginn an ass steierfräi. Se gëlle fir kleng Entreprisë mat engem Mindestëmsaz vu 15'000 Euro d'Joer. Se gëllt nëmme fir déi, déi wéinst der Kris hu missten zoumaachen. Dat gëllt och fir Restauranten, och wann déi nach liwweren. De Formulaire ass elo schonn op Guichet.lu disponibel.