De Mëttwoch ass den 3. Centre de soins avancés zu Ettelbréck an der Däichhal opgaangen. Déi an der Luxexpo an an der Rockhal si schonn op.

Och de Centre de soins avancés an der Däichhal zu Ettelbréck ass zanter de Mëttwoch op. Virdru ware jo schonn deen an er Rockhal an deen an der Luxexpo The Box opgaangen. D'Zentren, där et der duerno 4 uechter d'Land solle ginn, sinn dozou do, den Zoustand vun de Patienten anzeschätzen, fir se duerno wann néideg an d'Clinique ze schécken.

Hei de Video vum Centre de soins avancés an der Däichhal.
Copyright : Gouvernement luxembourgeois

An den nächsten Deeg wäert dann och nach dee leschten am Centre Culturel zu Gréiwemaacher seng Dieren opmaachen.