Fir d'Cliniquen an der besonnesch schwéier betraffener Regioun Grand Est a Frankräich ze entlaaschte goufe 7 Patienten op Lëtzebuerg geflunn.

D'Regierung hat et jo schonn ugekënnegt, de Mëttwoch gouf dunn dee 7. Patient aus der besonnesch schwéier vum Coronavirus betraffener Regioun Grand Est a Frankräich op Lëtzebuerg geflunn. D'Patiente ginn hei op der Intensivstatioun hospitaliséiert a musse beotemt ginn.

Och aner Grenzregiounen hate sech jo dozou bereet erkläert, fir Patienten aus der Regioun opzehuelen.

© LAR