D'Police hat eng dréngend Vermësstemeldung erausginn. De Mann ass um Donneschdegmoien nees opgedaucht.

D'Police hat e Mëttwoch den Owend eng dréngend Vermësstemeldung erausginn.

An der Stad war ee 64 Joer ale Mann verschwonnen.

Um Donneschdegmoien schreift d'Police, dass de Mann nees opgedaucht wier.

Weider vermësst gëtt awer dat mannerjäregt Angela Aya Corso vun Esch .

© Police

Fir d'lescht gouf dat 15 Joer alt Meedchen den 23. Februar géint 17 Auer um Kierchbierg gesinn an ass zënterhier net méi Heem komm.

Wien nëtzlech Informatiounen huet, wou dat Jugendlecht sech ophält, soll dem Stater Policebüro ënnert der Telefonsnummer (+352) 244 40 1000 Bescheed soen.