Wéi ugekënnegt ass dësen Donneschdeg eng Pressekonferenz mat Experten aus dem Gesondheetssecteur organiséiert ginn.

Zentraliséiert Plattform fir Téléconsultatiounen elo accessibel

Wéi d'Experten aus dem Gesondheetssecteur matgedeelt hunn, ass déi zentraliséiert Plattform fir Téléconsultatiounen ze maachen zënter de Moien operationell. D'Plattform erméiglecht et de Patienten den Dokter per Videokonferenz ze gesinn. Esou kann den Dokter och iwwert Video de Patient ënnersichen. Den Tarif fir d'Consultatioun bleift dann dee selwechten, wéi wann ee physesch bei den Dokter géif goen.

Fir eeler Leit gëtt et nach ëmmer d'Optioun, d'Consultatioun iwwer Telefon ze maachen. Den Dokter loggt sech dann online op der Plattform an a fëllt all déi néideg Dokumenter aus.

Etüd "Discovery" fir Medikamenter ze testen

Den Dokter Romain Nati, Direkter vum CHL gëtt Infoen zu der Etüd, un där Lëtzebuerg och deel hëlt. Am Ganze maache 6 Länner mat. Et gi sämtlech Medikamenter, déi eng Wierksamkeet géint de Virus kéinten hunn, u Persoune getest.

Wéi d'Doktesch Thérèse Staub erkläert huet, wäerten eng 10.000 Leit deelhuelen. Wéi vill Leit vu Lëtzebuerg deelhuelen, ass net gewosst. D'Patiente mussen Otemweeproblemer hunn an hospitaliséiert sinn, dat ass ee vun de Krittären.

Aktuell kann een och nach net soen, wéini d'Resultater ëffentlech gemaach kënne ginn.

3 Centres de soins avancés bis ewell op

Den Dokter Pierre Hertz huet Detailer zu den neien Zentre ginn. All Patient muss eng Mask undoen, wann en an der Schlaang steet.

Bis ewell sinn 3 déi Zentren (Däichhal, Rockhal a Luxexpo) op, am Ganze schaffe 75 Leit do. Bis gëscht 20 Auer sinn 279 Leit gezielt ginn. Bis de Moien 8 Auer sinn dann nach eemol 75 Patienten dobäi komm.

An enger 1. Phas ginn d'Patiente mat Verdacht op eng Infektiounen vun den anere Patiente getrennt. An enger 2. Phas ginn d'Donnéeën opgeholl an de Patient gëtt generell ënnersicht an duerno nach eemol vun engem Dokter. No der Ënnersichung gi se entweder heem geschéckt oder kommen direkt an e Spidol.

Weider Detailer ginn et an eisem Liveticker.