E Noutstandsgesetz soll elo grouss Entreprisen dozou zwénge Géigestänn déi fir de Kampf géint de Virus gebraucht ginn hierzestellen.

An den USA ass d'Zuel vun de Mënschen déi mam Coronavirus infizéiert sinn e Freiden op 103.000 geklommen. Am Verglach zu en Donneschden ass dëst eng Hausse vun 18.000 Infizéierten. D'Zuel vun den Doudesaffer läit iwwerdeems bei 1544. Fir d'Situatioun an de Grëff ze kréien huet den US-President Trump e Rettungspak vun 2 Billiounen US-Dollar ënnerzeechent. Iwwerdeems soll e speziellt Gesetz grouss Entreprisen dozou zwénge Géigestänn déi fir d'Bekämpfung vum Virus gebraucht ginn hierzestellen. Esou soll den Automobilkonstrukteur "GM" elo Beootmungsgeräter produzéieren.