Ewéi d'Entreprise "Abbott Laboratories" matdeelt kéint den Test scho vun e Méinden un agesat ginn.

Déi amerikanesch Pharmaentreprise "Abbott Laboratories" deelt mat, dass si e portabele Schnelltest fir de Coronavirus entwéckelt huet. Ewéi d'Entreprise e Freide matgedeelt huet, géif den Test schonn no 5 Minutten e Resultat uweisen. Wéinst enger spezieller Autorisatioun vun der amerikanescher Agence fir d'Zouloossung vu Medikamenter kéint den Test scho vun de Méinden un a verschiddene Laboratoiren an den USA agesat ginn, heescht et weider vun der Entreprise.