D'Zuel vun de Neiinfektioune mam Coronavirus ginn an der Stad zënter Wochen däitlech zeréck.

Déi chinesesch Regierung lockert d'Isolatioun vun der Stad Wuhan deelweis. Zënter e Samschden dierfen nees Leit an d'Stad areesen. D'Bewunner vun der Stad dierfen dës awer bis den 8. Abrëll nach net verloossen. Iwwerdeems soll och den ëffentlechen Transport an der Stad nees de Betrib ophuelen. Wuhan gëllt als Epizenter vun der aktueller Pandemie vum Coronavirus. Zënter Woche ginn d'Zuele vun de Neiinfektioune mam Virus an der Stad allerdéngs däitlech zeréck.