Den Zougrëff op d'Daten soll op fräiwëlleger Basis iwwert eng App geschéien. Esou soll den Dateschutz a Kraaft bleiwen.

An Däitschland diskutéiert d'Politik den Ament doriwwer op een am Kampf géint de Coronavirus op Date vun den Handye vu Privatpersounen zougräife soll. Ënnert anerem huet sech de Staatssekretär am Inneministère Stephan Mayer fir en Zougrëff op dës Daten ausgeschwat. Dëst wier sënnvoll fir Beweegunge vu Persounen déi mat infizéierter Kontakt haten novollzéien ze kënnen heescht et vum Politiker. Den Zougrëff soll dobäi iwwert eng App vun de concernéierte Persounen autoriséiert ginn, esou dass den Dateschutz weider a Kraaft bleiwe géing.