Ronderëm d'Welt sinn d'Mënschen um Samschden dozou opgeruff hir Luuchte fir eng Stonn auszemaachen.

Klima- an Ëmweltschützer ruffen um Samschden zur sougenannter Earth-Hour op. Ronderëm d'Welt sinn deemno Millioune Mënschen dozou opgeruff um 20h30 e Samschden Owend hir Luuchte fir eng Stonn auszeschalten. Mat dëser Aktioun soll en Zeeche fir den Ëmwelt- a Klimaschutz gesat ginn. Am Kader vun dëser Aktioun wäerten och d'Luuchte vu berüümte Gebaier ewéi zum Beispill dem Paräisser Eiffeltuerm fir eng eng Stonn ausgeschalt ginn.