D'Natur- a Bëschverwaltung sich no Zeien, déi Indicen hu vun engem illegalen Oflueden vu Sperrmüll am Bësch vu Beetebuerg hunn.

Wien eppes weess, soll sech per Mail mellen un infractions@anf.etat.lu.

Weider mécht d'Naturverwaltung de Rappell, datt et weiderhi verbueden ass, Sperrmüll an der Natur ze deponéieren, och wann den Ament wéinst dem neie Corona-Virus d'Recycling-Zenteren zou sinn.