De CGDIS huet an der Nuecht op e Sonndeg 4 Mol wéinst Bränn an den Asaz.

Am Communiqué vum Sonndeg de Moie mellt de CGDIS 4 Bränn.

Zu Koplescht huet et géint 17.40 Auer an enger Heck gebrannt.

Géint véierel op 6 huet zu Béiweng um Knupp e Bam gebrannt.

Kuerz no 21 Auer stoung eng Poubelle an der rue des Aubépines  an der Stad a Brand.

Um 00.17 Auer huet en Auto zu Lamadelaine gebrannt.

A kengem vun dëse Fäll gouf ee blesséiert.