Dausende Stied hu sech e Samschdeg un der weltwäiter Earth Hour bedeelegt. Och bekannte Gebaier wéi d'Brandenburger Tor an d'Oper zu Sydney waren dobäi.

Ëmwelt- a Klimaschutzverbänn haten dozou opgeruff, am Kader vun der Earth Hour e Samschdeg den Owend eng Stonn laang d'Luuchten aus ze maachen. Weltwäit hu sech vill Stied bedeelegt.

Och bekannt Gebaier wéi d'Brandenburger Tor, de Kölner Dom an den Eiffeltuerm haten d'Luuchten ausgemaach. Och vill privat Stéit hunn deelgeholl.

Et war déi 14. Editioun vun der Earth Hour. Et ass eng symbolesch Aktioun fir de Klimaschutz.

De Kreml zu Russland. / © Alexander NEMENOV / AFP

De Vatikan. / © Andreas SOLARO / AFP

De Colloseum zu Roum. / © Vincenzo PINTO / AFP

D'Akropolis zu Athen. / © STR / AFP