E Samschdeg am Nomëtteg koum et zu engem schwéieren Accident, bei deem e Cyclist an en Autofuerer anenee gerannt sinn.

Géint 14.30 Auer koum et zum Zesummestouss. De Cyclist an den Automobilist ware béid a Richtung Furen ënnerwee, wéi béid Chauffeure kollidéiert sinn.

De Cyclist ass dobäi schwéier blesséiert ginn.

Dat huet d'Police de Sonndeg de Moien an hirem Communiqué matgedeelt. Weider Detailer ginn et nach keng. Et goufen Ermëttlunge lancéiert, fir den Accident opzeklären.